De Psychiatrie Trialog Lëtzebuerg ass eng aner Form vun Austausch a Verstoe vu Psychosen a riicht sech u Mënsche mat perséinlecher Erfarung, Familljen a Frënn aus hirem Ëmfeld a Professioneller aus dem Gesondheetsberäich.
Den Trialog huet keen therapeuteschen Usaz, mee ass e Forum fir e gläichberechtegten a respektvollen Austausch tëscht deenen ënnerschiddleche Gruppen. D’Zil ass et, fir Virurteeler entgéintzewierken an zesummen en neit Versteesdemech an nei Weeër am
Ëmgang mat Psychosen a psychiatreschen Erkrankungen ze sichen.
Wat beschwat gëtt, ass vertraulech. Et muss een net matdeelen, ob een e Betraffenen, eng Persoun aus dem Ëmfeld oder e Professionellen ass, fir um Trialog deelzehuelen.
D’Haaptsprooche vum Trialog ass d'Lëtzebuergesch. Dir kennt Iech awer och op Daïtsch an Franséisch ausdrécken. Deelhuelen um Trialog ass gratis an ouni Aschreiwung.
Le Luxembourgeois est la langue principale du trialogue. Vous pouvez également vous exprimer en Allemand ou Français.
- 3. Trialog / 1. Trialog am Süden:
14. Oktober 2025 vun 18:30-20:30
Jugendherberg (Youth Hostel) Esch/Uelzecht
17, Bd John Fitzgerald Kennedy
L-4170 Esch-Alzette
- 4. Trialog
5. Februar 2026 vun 18:30-20:30
Salle des Sociétés Rollingen
81, rue de Luxembourg
L-1540 Rollingen-Mersch
27. März 2025: en gelongenen éischten Trialog!

D'Organisateure vum "Heidelberg Trialog" waren eis Gäscht fir den éischten Trialogue deen de 27. Mäerz 2025 stattfonnt huet.
Merci dem Heidi, Andrea a Murat, déi mat Begeeschterung d'Invitatioun ugehol hunn fir mat eis hiert Wëssen an Erfarung vum Heidelberger Trialog ze deelen, deen zënter 2001 existéiert.
E häerzleche Merci och un d’Leit mat perséinlecher Erfarung vu Psychose, un hir Famill a Frënn, souwéi och un d'Gesondheetsberuffler, déi all zesummen dësen éischten Trialog Lëtzebuerg beräichert hunn. Den Austausch mat eise Gäscht war stimuléierend a beräichert duerch d'Reflexioune vun de Participanten.
Den éischte Schratt ass gemaach, mir zielen op Iech fir en liewegen Trialog Lëtzebuerg!