JOURNEE EUROPEENNE DES DROITS DES PATIENTS 2026

D’RECHTER A PFLICHTEN VUM PATIENT ZU LËTZEBUERG

Den Europäesche Patienterechtsdag, deen all Joer den 18. Abrëll gefeiert gëtt, ass eng Geleeënheet fir un d'Wichtegkeet vun de Grondrechter vun de Bierger a Saache Gesondheet ze erënneren. Dësen Dag soll d'Sensibiliséierung vu Patienten a Gesondheetsberuffer iwwer hir Rechter a Pflichten erhéijen, d'Transparenz an d'Qualitéit vun de Gesondheetsservicer förderen an d'Zesummenaarbecht tëscht Patienten, Gesondheetsspezialisten an Institutiounen encouragéieren.

Online-Konferenz den 18. Abrëll 2026

Dat éischt Recht ass et seng Rechter a Pflichten ze kennen. Gutt informéiert iwwer seng Rechter a Pflichten, kann den opgekläerte Patient sech konstruktiv abrénge. An deem Sënn organiséiert de Service vum Médiateur vun der Gesondheet eng Online-Konferenz:

  • Wéini ?  Samschdes den 18. Abrëll 2026 vun 10:00 bis 12:00 Auer
  • Wou ?  Online

Lëtzebuerg huet zanter 2014 e Gesetz iwwer d’Rechter a Pflichten vum Patient. Vir dat Dir Iech konstruktiv als opgekläerte Patient abrénge kënnt beliichte mer dës Rechter a Pflichten zesummen.

Dir sidd häerzlech invitéiert Är Froen ze stellen.

D’Konferenz gëtt op Lëtzebuergesch gehalen, d’Diapositiven sinn op Franséisch. Dir kënnt Iech awer och op Däitsch oder Franséisch ausdrécken.

 

Zum letzten Mal aktualisiert am